An engem Zuchwaggon op engem entléene Gleis am Bësch, no beim franséische Compiègne gëtt den 11. November 1918 d’Armistice ënnerschriwwen, déi schlussendlech zum Enn vum Éischte Weltkrich féiert.
De “Cessez-le-feu” gëtt ab 11 Auer op all Fronte geblosen; de Véierzéngter Krich geet domat faktesch op en Enn. Véier Joër kämpft a stierft de Jonktem op béide Säite verbass fir all Meter Buedem, an zeréck bleiwt um Enn en zerstéiert Europa, wat sëch vum Grousse Krich soubal nët erblose wärd. Ganz Räicher fale während oder nom Krich zesummen an d’Grenze gin nei gezunn ; dobäi gi vill Mënsche verdriwwen an Haass geséit. No gudd 20 onrouege Joëren erwiisst aus de Folge vum éischte Weltkrich en neie Krich. Nach eemol spréngt eng ganz Generatioun der Dout an d’Séissel. Haut gëtt vun dëser ganzer Tragédie vun engem zweeten drëssegjährege Krich geschwat; den éischte Weltkrich gëlt dobäi als Urkatastroph vum 20. Jorhonnert.
Ët gouf a gëtt vill iwwer den éischte Weltkrich geschriwwen, mä Afferzuelen oder politesch Verhältnisser vun der Zäit ze erfaassen bleiwt haut ville Leit friem. Ët sin abstrakt Zuelen an ët ass schwéier, fir sëch an d’Situatioun deemols eranzefillen.
Zum Centenaire vum Waffestëllstand widme mir, déi onduge Gesellen, eis dëser Zäit a présentéieren eng Tetralogie, déi virun allem d'Mënschen an hirer Zäit ënnert d'Lupp hëllt. Mir lueden an op eng musikalesch Rees, déi ons a véier Etappen duerch déi fréi Joëren vum leschte Jorhonnert féiert.
