ondugen : Adjektiv, DE widerspenstig [nicht umgänglich] FR difficile [récalcitrant, rétif];

 

...sou gesäit wuel all Artist sech, wann et ëm séng Konscht geet. Dobäi muss nët ëmmer alles jiddwerengem gefalen! Wichteg ass nëmmen, dass dat, wat een zielt, Kapp a Fouss huet an dass een hannert deem steet, wat ee vu sech gëtt.

 

Genau esou sange mir ons Lidder. Mir halen ët mat de Wierder vum Sepp Thill a Max Duchscher, déi 1940 am Wofirwurt vun hire "Gesabbelte Wierker" geschriwwen hun:

 

"Mir se, musst der wössen, onduge Gesellen,

De'i hott oder har fir Verleef keemols fron,

Mir schreiwe, we'i d'Leit o'us dem Volk et vermellen,

A wiem dat net schmaacht, ma, dee loss et allt stohn !"



Wat gëtt ët Neies?

Grad huet sëch de Wand e bësse geluecht, mee déi onduge Gesellen gin nët an de Wanterschlof, mä schaffen un hirem neie Programm, fir am neie Joër mat neiem Programm an d'Saison ze starten. Hongreg op den nächste Concert? Verkierz der d'Zäit mat onser aktueller EP "Houfreg an d'Hell", déi elo den 11.11.2018 erauskoum.


12.11.2018

Onse Concert vum 11. November 2018 ass gespillt. Mir hate "full house" an et wor ons eng grouss Freed fir schon op onsem éischte Concert eis EP "Houfreg an d'Hell" kënne virzestellen.

 

Ons nei EP kann een dann elo och op de grousse Musekplattformen lauschteren; ma als CD kann ee se hei och séier an onkomplizéiert heemgeliwwert kréien. Verpasst och nët, fir ënnert "Ons Musek" de Video vu Verdun ze kucken. Et sinn drastesch Biller aus enger uerger Zäit, déi eis d'Ëmstänn vun deemols awer och erëm an eis Zäit bréngen.

 

An der Revue vum 7. November 2018 ass och e ganz treffenden Artikel vum Hubert Morang, deen der hei ënnert "Press" kënnt fannen.

 

Fir ons sinn elo weider Prouwen ugesot, dass mir nächst Joer mat onsem neie Programm prett fir d'lëtzebuerger Bühne sinn. Mir fréeen eis schon, fir iech am spéide Fréijoer erëm virun der Bühn ze gesin.

Hei op der Foto gesi mer 3 onduge Gesellen, déi no hirem éischte Concert zu ganz spéider Stonn op engem amerikanesche Kutschewon am no man's land klunschen. Koloréiert Foto vun 1916